Komm an den CoderDojo
TweetMon 25 July 2022
Translations: en fr deCoderDojo Lëtzebuerg ass déi eenzeg Initiativ wou s de Gratis Programméiere kanns léieren vun 6 Owes bis 8 an dat all Woch
CoderDojo Lëtzebuerg ass fir 9 bis 18 Järeger déi entdecke wëlle wat et heescht ee Computer ze Programméieren a niewebäi nach d’Aktualitéit aus der Technologie z’ erliewen.
All Donneschden (inklusiv an der Vakanz, Code kennt keng Vakanz) treffe mer eis vun 18:00 bis 20:00 oder méi spéid falls een op de Bus waart.
Dat ganz ass zu Bouneweg klick hei fir eng Kaart. Du muss hannert d’Gebai kommen an dann op den 2ten Stack goen.
Mir Konzentréieren eis op d’Programméiere mä hunn awer keng Angscht eis aktuell Geräter wei de raspberry pi unzekucken oder eppes um 3D-Drocker ze testen.
Den Dojo ass Zäitlos a jidderee wäert seng eegen, eenzegaarteg, Kreatioun schafen.
Virwësse gëtt keent gebrauch fir matzemaachen. Bréngt de Virwëtz mat fir eppes eemoleges ze entdecken, loosst eis Zesumme genial sinn.
Du kanns däin eegene Laptop matbréngen, dat erlaabt et Doheem weider ze experimentéieren. Awer déi meeschten notzen d’Laptoppen déi am Dojo sinn an huelen hier Code entweder mat engem USB Stick oder via github mat.
Elteren si Wëllkomm an eiser Chill-area wou een sech ausroue kann a liese bis den Dojo fäerdeg ass.
Falls méi Informatioune gewënscht si schéckt eis ee mail op info_AT_coderdojo.lu
Eis Efforten si Gratis an erméiglechen domadder jidderengem dobäi ze sinn.
Spenden si Wëllkomm.
Category: join Tagged: join incentive
Translations: en fr de